Oppene Bréif un den Premierminister Luc Frieden

Oppene Bréif un den Premierminister Luc Frieden

Här Premierminister,

D’Ënnerstëtzung, déi ech an de leschten Deeg vun dausenden vu Leit krut, sief et iwwer Temoignagen op menger Homepage, an de soziale Medien oder iwwert privat Messagen, ass iwwerwältegend !
Et ass berouegend festzestellen, datt mir hei am Land eng grouss Majoritéit u gudden an anstännege Mënschen hunn, déi des Ongerechtegkeet gesinn a verstinn, an dat nëtt akzeptéieren.

Wat hei lassgetrëppelt gouf, däerf net duerchgoen !

Dës Aktioun, déi eist Land erschüttert, erënnert staark un daïschter Zäiten, an deene Mënschen ugeklot goufen, mam Däiwel am Bond ze sinn, Kommunisten ze sinn, an dunn hier Onschold an engem onfaire Prozess hunn misste beweisen. An de Fait, datt se dat net konnten, well hinnen all Méiglechkeete vun der Verteidegung verwäert goufen, als Beweis fir hier Schold ausgeluecht gouf. Dat alles ass geschitt dobaussen, an engem ëffentlechen Schauprozess.

Kuckt wéi et an dëser Affär gelaf ass. Anonym Denunzianten schwätze vun ongeheierleche Verbriechen, nämlech gesond Knéie sollen operéiert gi sinn. Leit solle verstümmelt gi sinn. Sie liwweren awer keng Beweiser. Schwätze vu 15 Patienten, dovu sollen der 10 operéiert gi sinn. Bis op zwee sinn se all anonym. Et gëtt net matt offene Karte gespillt. De Collège médical, déi éischt Instanz am Prozess, liwwert déi Virwërf net nëmmen als Uklo, mee als établéiert Fakten un de Ministère weider. Ouni Expertise. Ouni Beweis. Ouni dee Betreffende gefrot an domat konfrontéiert ze hunn. An recommandéiert der Ministesch, där zweeter Instanz, den Dokter aus dem Verkéier ze zéien. D’Ministesch schreift dem Dokter, si géif op der Grondlag vum Collège médical senger Recommandatioun envisagéieren, hien ze suspendéieren. Huet also schonn virverurteelt, ier si sech konnt e Bild maachen. Oder wollt e Bild maachen. De Beschëllegten kritt just 2 konkret Fäll mam Numm. En 3. Fall konnt de Betreffende selwer identifizéieren. A fir de Rescht just soi-disant Fäll wou hien eppes falsch gemaach hätt. Hien versteet d’Welt net méi, kuckt sech déi Fäll un déi um Dësch leien, a gesäit a kengem e gesonde Knéi, gesäit Fäll, déi wéi d’Medezin et verlaangt, vun him behandelt goufen. Hien erkläert sech virun der Ministesch hire Beamten, déi him ze verstoe ginn, datt si den Dossier och esou bewäerten. An awer gëtt hie vun der Ministesch suspendéiert. D’Virverurteelung ass bestätegt. Well hien eng Gefor fir Land a Leit wier.

De Parquet kuckt sech den Dossier un a gëtt en zréck un de Collège médical. D’Justiz huet kee Grond gesinn, wéinst enger Strofdot ze enquêtéieren, an deelt dat esouguer ëffentlech mat. Dat schéngt d’Ministesch kal ze loossen. Si kennt net op hier onméiglech Decisiounzeréck. An der Ëffentlechkeet muss hie weider rechtfertegen, datt hien alles richteg gemaach huet. Et gëtt nach ëmmer keng Beweiser. Awer eng éischt Expertise, déi hie selwer an Optrag ginn huet. An déi kennt zur Conclusioun, datt alles an deene Fäll richteg gemaach gouf.

Am Resumé : de Collège médical hält sech net u legal Prozeduren. D’Ministesch, 2. Pouvoir am Land, handelt illegal an hellt eng willkürlech Decisioun, setzt sech och iwwert d’Verfassung ewech, an ignoréiert esouguer en Avis vum 3. Pouvoir, der Justiz. Wat sot Dir als Regierungschef zu dësem Verständnis vum Rechtsstaat a vun der Konstitutioun, op déi Dir geschwuer hutt ?

D'Politik muss ophalen, d’Leit am Land fir ze domm ze halen. D’Leit versti ganz genau, wat hei geschitt. An d’Leit akzeptéieren et net méi. Dat weist déi enorm Ënnerstëtzung vun alle Säiten, déi ech an deene leschten Deeg krut. Leit, déi ech bis dunn net kannt hunn, hunn mer geschriwwen, gesot si wieren nach net Patiente vu mir, mee wann se eppes hätten, géife si direkt bei mech kommen. Leit, déi bezeien, datt ech si net operéiert hunn, obwuel si duechten, si missten operéiert ginn.

D'Leit am Land si veronséchert. An d’Doktere gläich matt. D’Doktere sti souguer ënnert dem Generalverdacht, net gutt ze schaffen. Et gëtt no neie Kontrolle geruff, just net do wou se néideg wären. Dat muss esou séier wéi méiglech ophalen.

Dës Regierung ass ugetrueden d’medezinesch Versuergung vun de Patienten ze verbesseren. Am Koalitiounsprogramm steet naïscht vun enger Veronsécherung vun Dokteren an hire Patienten. Genau dat ass awer elo geschitt. De Schued, deen dës Affaire verursaacht huet, geet also waït iwwert mäi Schicksal ewech.

Dës Affär ass iwwert de Knéi gebrach. Et ass eng politesch Affär. An dofir muss si politesch geléist ginn. De Collège médical muss seng Konsequenzen zéien, wat éischter, wat besser. D’Ministesch muss genausou hier Responsabilitéiten huelen. Wat éischter, wat besser. Des skandaléis Decisioun iwwert d’Suspensioun muss direkt opgehuewe ginn. An meng Patienten, déi oft vill wéi hunn, an elo duebel an direkt ënnert dëser Ongerechtegkeet leiden, besonnesch no dëser medialer Opmierksamkeet. Sie wäerte wëssen, op ech eng Gefor fir si sinn, oder eng Hëllef an hirer Nout.

An da muss Luucht an dës Affär kommen, hei muss opgekläert ginn, wat wierklech dohannert stécht. All Dossier, vun deem geschwat gouf, muss expertiséiert ginn. An all Feeler an der Prozedur muss ënnersicht a bewäert ginn. Dozou si mir dem Land a senge Leit verpflicht. D’legal Prozedur ass hei bewosst violéiert ginn. De Rechtsstaat, eis Verfassung, si violéiert ginn. Vum Collège médical a vun der Ministesch.

Mier sinn haut den 1. Februar. Een Dag virun enger Sitzung an der Chamber. E puer elementar Froe stellen sech :

1. Firwat huet Är Ministesch d’Prozedur net agehalen ?
2. Wou sinn déi aner Fäll ?
3. Wéi sinn déi Fäll beaarbecht ginn?
4. Wat hunn de Premier Conseiller de Gouvernement, Juriste, an den Direkter vun der Santé, Dokter, der Ministesch no eiser Entrevue geroden ?
5. Wéini komme mer erëm zeréck op de Wee vun enger legaler Prozedur, konform zu der Verfassung ?

En attendant muss ee feststellen, datt et keng objektiv Grondlag gëtt, déi der Ministesch hier présomption de culpabilité an d’Gefor fir d’ëffentlech Gesondheet rechtfertegt.

D’Deputéiert kënnen elo iwwerpréiwen, op d’Ministesch déi legal Prozedur agehalen huet. Et kann net op Basis vun engem Gefill, vun enger Meenung vun engem Minister ofhänken, op sanktionéiert gëtt oder net. Dat ass géint all Prinzip vum moderne Recht. Dat ass Willkür. Oder Amtsmëssbrauch.

D’Chamber wäert hier Roll spille mee, Här Premierminister, och Dir stitt an der Verantwortung. Et ass och un Iech, alles ze maachen, datt d’Leit am Land erëm Vertrauen an de Rechtsstaat, an Är Regierungsequipe, an an eis Gesondheetsversuergung kréien. Dir sidd als Chef vun der Regierung dee wichtegsten Hidder vun eiser Verfassung. An deem Sënn waart an erwaart d’ganzt Land, dass Dir handelt, fir eis Bierger a Matbewunner vun de Konsequenze vu Willkür ze schützen.

Wann dës Ongerechtegkeet duerchgeet, ass vir all d’Leit, Patiente wéi Dokteren, d’Gesondheetsversuergung muer op der ganz schifer Bunn.

Des Affär ass eng gemeinsam Verantwortung. An ech droe mäin Deel dovunner. Ech wäert op menger Säit weider alles maachen, fir d’Recht erëm hierzestellen, fir datt d’Institutiounen erëm fonctionéieren, fir datt d‘Leit erëm kenne roueg bei den Dokter goen, fir datt d’Dokteren erëm an aller Serenitéit hire Beruff kenne maachen.

Dat sinn ech mengem Land, dat mir esou vill ginn huet, ‘fir dat mir géif heinidden alles woen’, schëlleg.

Philippe Wilmes
1. Februar 2026


Lettre ouverte au Premier ministre Luc Frieden

Monsieur le Premier ministre,

Le soutien que j’ai reçu ces derniers jours de la part de milliers de personnes — que ce soit à travers des témoignages publiés sur mon site internet, sur les réseaux sociaux ou par messages privés — est tout simplement bouleversant.
Il est réconfortant de constater que, dans notre pays, une large majorité de personnes honnêtes et intègres voient et comprennent l’injustice qui se joue ici et refusent de l’accepter.

Ce qui s’est produit ne peut et ne doit pas passer!

Cette action, qui a profondément ébranlé notre pays, rappelle de manière frappante des périodes sombres, au cours desquelles des personnes étaient accusées d’être liées au diable ou d’être communistes, puis contraintes de prouver leur innocence dans le cadre de procédures iniques. Le fait qu’elles n’y parvenaient pas — parce que tous les moyens de défense leur étaient refusés — était alors interprété comme la preuve de leur culpabilité. Tout cela s’est déroulé publiquement, dans un véritable procès-spectacle.

Examinons la manière dont cette affaire s’est déroulée. Des dénonciateurs anonymes évoquent des crimes d’une gravité extrême, affirmant que des genoux prétendument sains auraient été opérés et que des personnes auraient été mutilées. Pourtant, aucun élément de preuve n’est fourni. Il est question de quinze patients, dont dix auraient été opérés. À l’exception de deux cas, tous demeurent anonymes. Le jeu n’est pas joué cartes sur table. Le Collège médical, première instance de la procédure, a transmis ces accusations au ministère non pas comme de simples griefs, mais comme des faits établis. Et ce, sans expertise, sans preuve, sans avoir entendu ni confronté le médecin concerné. Il a en outre recommandé à la ministre — deuxième instance — d’écarter le médecin de toute activité. La ministre a écrit au médecin qu’elle envisageait sa suspension sur la base de la recommandation du Collège médical. Elle l’avait ainsi déjà préjugé, avant même de pouvoir — ou de vouloir — se forger une opinion propre.

Le médecin concerné n’a eu accès qu’à deux cas concrets nommément identifiés. Un troisième cas a pu être identifié par lui-même. Pour le reste, il ne s’agissait que de cas prétendus, dans lesquels il lui était reproché d’avoir agi de manière fautive. Désemparé, il a examiné les dossiers portés à sa connaissance et n’a constaté, dans aucun d’entre eux, l’existence d’un genou « sain ». Il s’agissait de cas traités conformément aux règles de l’art médical.

Il s’est expliqué devant les agents de la ministre, lesquels lui ont fait comprendre qu’ils partageaient cette analyse du dossier. Et pourtant, la ministre a décidé de le suspendre. La présomption de culpabilité a ainsi été confirmée, au motif qu’il représenterait une menace pour le pays et pour la population.

Le parquet a examiné le dossier et l’a renvoyé au Collège médical. La justice n’a vu aucun motif de poursuivre le médecin pour une infraction pénale. Cela n’a manifestement pas conduit la ministre à reconsidérer sa décision pourtant intenable. Dans l’espace public, le médecin doit continuer à prouver qu’il a agi correctement. À ce jour, aucune preuve n’a été apportée. En revanche, une première expertise, qu’il a lui-même sollicitée, conclut que toutes les prises en charge ont été conformes aux règles de l’art.

En résumé, le Collège médical ne respecte pas les procédures légales. La ministre, deuxième pouvoir de l’État, agit de manière illégale en prenant une décision arbitraire, en passant outre la Constitution et en ignorant même un avis du troisième pouvoir, la justice. En tant que chef du gouvernement, que dites-vous de cette conception de l’État de droit et de la Constitution sur laquelle vous avez prêté serment ?

La classe politique doit cesser de considérer les citoyens comme incapables de comprendre. Les gens perçoivent parfaitement ce qui se passe. Et ils ne l’acceptent plus. L’ampleur du soutien que j’ai reçu ces derniers jours, de toutes parts, en est la preuve. Des personnes que je ne connaissais pas auparavant m’ont écrit pour me dire qu’elles n’avaient jamais été mes patients, mais que, si elles devaient consulter un jour, elles s’adresseraient directement à moi. D’autres attestent que je ne les ai pas opérées, alors même qu’elles pensaient devoir l’être.

Les citoyens sont aujourd’hui profondément déstabilisés, tout comme les médecins. Ces derniers se retrouvent même placés sous une suspicion généralisée de mal exercer leur profession. On réclame de nouveaux contrôles — mais pas là où ils seraient réellement nécessaires. Cette situation doit cesser au plus vite.

Ce gouvernement s’était engagé à améliorer la prise en charge médicale des patients. Or, le programme de coalition ne prévoit rien qui puisse justifier une insécurisation des médecins et de leurs patients. C’est pourtant exactement ce qui s’est produit. Le préjudice causé par cette affaire dépasse donc largement mon sort personnel.

Cette affaire a été menée de manière précipitée. Il s’agit d’une affaire politique, qui doit par conséquent être résolue politiquement. Le Collège médical doit en tirer les conséquences — le plus rapidement possible. La ministre doit également assumer ses responsabilités — le plus rapidement possible. La décision scandaleuse de suspension doit être levée immédiatement. Quant à mes patients, souvent déjà lourdement affectés par la maladie etaujourd’hui doublement éprouvés par cette injustice, notamment du fait de l’exposition médiatique, ils sauront juger si je représente pour eux un danger ou une aide dans leur détresse.

Il est désormais indispensable de faire toute la lumière sur cette affaire. Il faut établir ce qui se cache réellement derrière cette procédure. Chaque dossier évoqué doit faire l’objet d’une expertise. Chaque irrégularité procédurale doit être examinée et évaluée. Nous le devons à notre pays et à ses citoyens. La procédure légale a été sciemment violée. L’État de droit et notre Constitution ont été bafoués — par le Collège médical et par la ministre.

Nous sommes aujourd’hui le 1er février, à la veille d’une séance de la Chambre des députés. Plusieurs questions essentielles se posent :

1. Pourquoi Votre ministre n’a-t-elle pas respecté la procédure ?
2. Où sont les autres dossiers ?
3. Comment ces dossiers ont-ils été traités ?
4. Quels conseils le Premier Conseiller au Gouvernement (juriste) et le Directeur de la Santé (médecin) ont-ils donnés à la ministre à l’issue de notre entretien ?
5. Quand reviendrons-nous sur la voie d’une procédure légale, conforme à la Constitution ?

En attendant, force est de constater qu’aucune base objective ne permet de justifier la présomption de culpabilité retenue par la ministre ni de maintenir l’existence d’un danger pour la santé publique.

Les députés peuvent désormais vérifier si la ministre a respecté la procédure légale. Une sanction ne peut dépendre d’un ressenti ou de l’opinion personnelle d’un ministre. Cela va à l’encontre de tous les principes du droit moderne. C’est de l’arbitraire. Voire un abus de pouvoir.

La Chambre jouera son rôle. Mais, Monsieur le Premier ministre, Vous aussi êtes investi d’une responsabilité majeure. Il Vous appartient de tout mettre en œuvre pour que les citoyens retrouvent confiance dans l’État de droit, dans Votre équipe gouvernementale et dans notre système de santé. En tant que chef du gouvernement, Vous êtes le principal garant de notre Constitution. À ce titre, tout le pays attend de Vous que Vous agissiez pour protéger nos citoyens et nos résidents des conséquences de l’arbitraire.

Si cette injustice devait perdurer, c’est l’avenir de notre système de santé — pour les patients comme pour les médecins — qui s’engagerait sur une pente dangereuse.

Cette affaire est une responsabilité collective, et j’en prends ma part. Pour ma part, je continuerai à tout faire pour que le droit soit rétabli, pour que nos institutions fonctionnent à nouveau, pour que les citoyens puissent consulter leur médecin en toute sérénité et pour que les médecins puissent exercer leur profession dans le calme et la dignité.

C’est ce que je dois à mon pays, qui m’a tant donné, et pour lequel je suis prêt à tout engager.

Philippe Wilmes
1er février 2026


Offener Brief an Premierminister Luc Frieden

Herr Premierminister,

die Unterstützung, die ich in den vergangenen Tagen von Tausenden von Menschen erhalten habe – sei es durch Zeugenaussagen auf meiner Homepage, in den sozialen Medien oder über private Nachrichten – ist überwältigend.
Es ist beruhigend festzustellen, dass es in unserem Land eine große Mehrheit an guten und anständigen Menschen gibt, die diese Ungerechtigkeit sehen und verstehen und sie nicht akzeptieren.

Was hier geschehen ist, darf nicht hingenommen werden!

Diese Aktion, die unser Land erschüttert hat, erinnert in beunruhigender Weise an dunkle Zeiten, in denen Menschen beschuldigt wurden, mit dem Teufel im Bunde oder Kommunisten zu sein, und anschließend gezwungen waren, ihre Unschuld in unfairen Verfahren zu beweisen. Dass sie dazu nicht in der Lage waren – weil ihnen alle Möglichkeiten der Verteidigung verweigert wurden –, wurde als Beweis ihrer Schuld gewertet. All dies geschah öffentlich, in regelrechten Schauprozessen.

Betrachten wir, wie diese Affäre abgelaufen ist. Anonyme Denunzianten sprechen von ungeheuerlichen Verbrechen und behaupten, dass angeblich gesunde Knie operiert worden seien und Menschen verstümmelt worden wären. Beweise werden jedoch keine geliefert. Es ist von fünfzehn Patienten die Rede, von denen zehn operiert worden seien. Mit Ausnahme von zwei sind alle anonym. Es wird nicht mit offenen Karten gespielt. Das Collège médical, die erste Instanz des Verfahrens, leitete diese Vorwürfe nicht nur als Anschuldigungen, sondern als feststehende Tatsachen an das Ministerium weiter – ohne Gutachten, ohne Beweise und ohne den Betroffenen anzuhören oder mit den Vorwürfen zu konfrontieren. Gleichzeitig empfahl es der Ministerin, der zweiten Instanz, den Arzt aus dem Verkehr zu ziehen. Die Ministerin schrieb dem Arzt daraufhin, sie erwäge auf Grundlage der Empfehlung des Collège médical seine Suspendierung. Sie hatte ihn damit bereits vorverurteilt, noch bevor sie sich ein eigenes Bild machen konnte – oder wollte. Dem Betroffenen wurden lediglich zwei konkrete Fälle mit Namensnennung vorgelegt. Einen dritten Fall konnte er selbst identifizieren. Im Übrigen handelte es sich lediglich um sogenannte Fälle, in denen ihm Fehlverhalten vorgeworfen wurde. Er verstand die Welt nicht mehr, überprüfte die auf dem Tisch liegenden Akten und stellte fest, dass es sich in keinem einzigen Fall um ein gesundes Knie handelte. Vielmehr waren es Fälle, die – wie es die medizinische Wissenschaft verlangt – von ihm behandelt worden waren. Er erklärte dies den Beamten der Ministerin, die ihm zu verstehen gaben, dass sie den Sachverhalt ebenso bewerteten. Und dennoch wurde er von der Ministerin suspendiert. Die Vorverurteilung wurde bestätigt – mit der Begründung, er stelle eine Gefahr für Land und Bevölkerung dar.

Die Staatsanwaltschaft prüfte den Fall und gab ihn an das Collège médical zurück. Die Justiz sah keinen Anlass, den Arzt strafrechtlich zu verfolgen. Dies scheint die Ministerin jedoch unbeeindruckt gelassen zu haben. Sie nahm ihre unhaltbare Entscheidung nicht zurück. In der Öffentlichkeit muss der Arzt weiterhin beweisen, dass er korrekt gehandelt hat. Bis heute wurden keine Beweise vorgelegt. Es existiert jedoch ein erstes Gutachten, das der Arzt selbst in Auftrag gegeben hat und das zu dem Schluss kommt, dass in allen Fällen nach den Regeln der ärztlichen Kunst gehandelt wurde.

Zusammenfassend lässt sich festhalten: Das Collège médical hält sich nicht an die gesetzlichen Verfahren. Die Ministerin, als zweite Staatsgewalt, handelt rechtswidrig, trifft eine willkürliche Entscheidung, setzt sich über die Verfassung hinweg und ignoriert sogar eine Stellungnahme der dritten Staatsgewalt, der Justiz. Was sagen Sie als Regierungschef zu diesem Verständnis des Rechtsstaats und der Verfassung, auf die Sie Ihren Eid geleistet haben?

Die Politik muss aufhören, die Menschen in diesem Land für unmündig zu halten. Die Bürger verstehen sehr genau, was hier geschieht. Und sie akzeptieren es nicht mehr. Dies zeigt die enorme Unterstützung, die ich in den vergangenen Tagen aus allen Teilen der Gesellschaft erhalten habe. Menschen, die ich zuvor nicht kannte, schrieben mir, dass sie noch keine Patienten von mir gewesen seien, sich im Bedarfsfall jedoch sofort an mich wenden würden. Andere bestätigen, dass ich sie nicht operiert habe, obwohl sie davon ausgingen, operiert werden zu müssen.

Die Menschen im Land sind verunsichert – ebenso die Ärzteschaft. Ärzte stehen inzwischen sogar unter einem Generalverdacht, ihre Arbeit nicht ordnungsgemäß auszuüben. Es wird nach neuen Kontrollen gerufen, jedoch nicht dort, wo sie tatsächlich notwendig wären. Dies muss so schnell wie möglich ein Ende finden.

Diese Regierung ist mit dem Anspruch angetreten, die medizinische Versorgung der Patienten zu verbessern. Im Koalitionsprogramm findet sich kein Hinweis auf eine Verunsicherung von Ärzten und ihren Patienten. Genau dies ist jedoch eingetreten. Der Schaden, den diese Affäre verursacht hat, geht daher weit über mein persönliches Schicksal hinaus.

Diese Affäre wurde übers Knie gebrochen. Es handelt sich um eine politische Affäre, die daher politisch gelöst werden muss. Das Collège médical muss die notwendigen Konsequenzen ziehen – je früher, desto besser. Die Ministerin muss ebenso Verantwortung übernehmen – je früher, desto besser. Die skandalöse Entscheidung über die Suspendierung muss unverzüglich aufgehoben werden. Meine Patienten, die oft bereits stark leiden und nun zusätzlich und unmittelbar unter dieser Ungerechtigkeit leiden –insbesondere aufgrund der medialen Aufmerksamkeit –, werden selbst beurteilen, ob ich für sie eine Gefahr darstelle oder eine Hilfe in ihrer Not bin.

Anschließend muss vollständige Transparenz hergestellt werden. Es muss aufgeklärt werden, was tatsächlich hinter dieser Affäre steckt. Jede Akte, von der die Rede war, muss fachlich begutachtet werden. Jeder Verfahrensfehler muss untersucht und bewertet werden. Dazu sind wir unserem Land und seinen Bürgerinnen und Bürgern verpflichtet. Die gesetzlichen Verfahren wurden hier bewusst verletzt. Der Rechtsstaat und unsere Verfassung wurden missachtet – durch das Collège médical und durch die Ministerin.

Heute ist der 1. Februar, einen Tag vor einer Sitzung der Abgeordnetenkammer. Es stellen sich mehrere grundlegende Fragen:

1. Warum hat Ihre Ministerin die Verfahren nicht eingehalten?
2. Wo sind die anderen Fälle?
3. Wie wurden diese Fälle bearbeitet?
4. Welche Empfehlungen haben der Premier Conseiller de Gouvernement (Jurist) und der Direktor der Gesundheitsbehörde (Arzt) der Ministerin nach unserem Gespräch gegeben?
5. Wann kehren wir zu einem rechtsstaatlichen Verfahren zurück, das der Verfassung entspricht?

Vorläufig muss festgestellt werden, dass es keine objektive Grundlage gibt, die die von der Ministerin vertretene Schuldvermutung oder die behauptete Gefahr für die öffentliche Gesundheit rechtfertigt.

Die Abgeordneten können nun überprüfen, ob die Ministerin die gesetzlichen Verfahren eingehalten hat. Eine Sanktion darf nicht von einem Gefühl oder von der persönlichen Meinung eines Ministers abhängen. Das widerspricht allen Prinzipien des modernen Rechtsstaates. Das ist Willkür. Oder Amtsmissbrauch.

Die Abgeordnetenkammer wird ihre Rolle wahrnehmen. Doch auch Sie, Herr Premierminister, tragen Verantwortung. Es liegt ebenso an Ihnen, alles dafür zu tun, dass die Menschen in unserem Land wieder Vertrauen in den Rechtsstaat, in Ihre Regierung und in unser Gesundheitssystem gewinnen. Als Regierungschef sind Sie der wichtigste Hüter unserer Verfassung. In diesem Sinne erwartet das gesamte Land von Ihnen, dass Sie handeln, um unsere Bürger und Einwohner vor den Folgen von Willkür zu schützen.

Wenn diese Ungerechtigkeit Bestand hat, gerät die Gesundheitsversorgung von morgen – für Patienten wie für Ärzte – auf eine äußerst gefährliche Schieflage.

Diese Affäre ist eine gemeinsame Verantwortung, der ich mich stelle. Ich werde meinerseits weiterhin alles tun, um das Recht wiederherzustellen, damit die Institutionen wieder funktionieren, damit die Menschen wieder beruhigt zum Arzt gehen können und damit Ärzte ihren Beruf erneut in Ruhe und Würde ausüben können.

Das schulde ich meinem Land, das mir so viel gegeben hat und für das ich bereit bin, alles zu geben.

Philippe Wilmes
1. Februar 2026


Open Letter to Prime Minister Luc Frieden

Mr Prime Minister,

The support I have received over the past days from thousands of people—whether through testimonies published on my website, on social media, or via private messages—has been overwhelming.
It is reassuring to note that, in our country, there is a large majority of good and decent people who see and understand this injustice and refuse to accept it.

What has been set in motion here must not be allowed to pass!

This action, which has shaken our country, strongly recalls dark times, when people were accused of being in league with the devil or of being communists, and were then forced to prove their innocence in an unfair trial. The fact that they were unable to do so—because all means of defence were denied to them—was interpreted as proof of their guilt. All of this took place publicly, in a true show trial.

Let us look at how this affair has unfolded. Anonymous denunciators speak of heinous crimes, alleging that healthy knees were operated on and that people were mutilated. Yet they provide no evidence. They speak of fifteen patients, ten of whom are said to have been operated on. With the exception of two, all are anonymous. The process has not been conducted transparently. The Medical Board, acting as the first instance in the procedure, forwarded these allegations to the Ministry not merely as accusations, but as established facts—without any expert opinion, without evidence, and without having heard or confronted the person concerned. It then recommended to the Minister—the second instance—that the doctor be removed from practice. The Minister wrote to the doctor stating that, on the basis of the Medical Board’s recommendation, she was considering suspending him. She had thus already prejudged the matter, before she could—or wished to—form her own assessment. The accused was provided with only two concrete cases identified by name. A third case he was able to identify himself. For the remainder, there were only so-called cases in which he was alleged to have acted improperly. He no longer understands what is happening, reviews the cases placed before him, and finds that in none of them was a healthy knee involved. Instead, he sees cases that were treated by him in accordance with accepted medical standards. He explained this to officials of the Minister, who indicated that they assessed the file in the same way. And yet, he was suspended by the Minister. The prejudgment was confirmed—on the grounds that he allegedly represented a danger to the country and its people.

The Public Prosecutor examined the file and returned it to the Medical Board. The judiciary found no reason to investigate the matter as a criminal offence and even communicatedthis publicly. This appears to have left the Minister unmoved. She does not reverse her untenable decision. In the public arena, the accused must continue to justify that he acted correctly. There is still no evidence. However, there is an initial expert opinion that he himself commissioned, which concludes that everything was done correctly in the cases concerned.

In summary, the Medical Board does not comply with legal procedures. The Minister, as the second branch of state power, acts unlawfully and takes an arbitrary decision, sets herself above the Constitution, and even ignores an opinion of the third branch of power, the judiciary. What do you, as Head of Government, say to this understanding of the rule of law and of the Constitution to which you have sworn an oath?

Politics must stop treating the people of this country as incapable of understanding. People understand very clearly what is happening here. And they no longer accept it. This is demonstrated by the enormous support I have received from all sides in recent days. People I did not previously know have written to me saying that they have not yet been my patients, but that if they ever needed care, they would come to me directly. Others attest that I did not operate on them, even though they believed surgery was necessary.

People in this country are unsettled—and doctors equally so. Doctors are even placed under a general suspicion of not performing their work properly. Calls are being made for new controls—but not where they would actually be necessary. This must stop as quickly as possible.

This government took office with the aim of improving medical care for patients. The coalition agreement says nothing about creating insecurity among doctors and their patients. Yet that is precisely what has now happened. The damage caused by this affair therefore goes far beyond my personal fate.

This affair was pushed through hastily. It is a political affair, and therefore it must be resolved politically. The Medical Board must draw the necessary consequences—the sooner, the better. The Minister must likewise assume her responsibilities—the sooner, the better. This scandalous decision to suspend me must be lifted immediately. And my patients, who often already suffer greatly and who now suffer doubly and directly from this injustice—especially following the media attention—will know whether I represent a danger to them or a help in their distress.

Then, full light must be shed on this affair. What truly lies behind it must be clarified. Every file that has been mentioned must be subjected to expert review. Every procedural error must be examined and assessed. We owe this to our country and to its people. The legalprocedure has been deliberately violated. The rule of law—our Constitution—has been violated by the Medical Board and by the Minister.

Today is February 1st, one day before a session of Parliament. Several fundamental questions arise:

1. Why did your Minister fail to comply with the procedure?
2. Where are the other cases?
3. How were these cases handled?
4. What advice did the Premier Conseiller de Gouvernement (legal adviser) and the Director of Health (physician) give the Minister following our meeting?
5. When will we return to the path of a lawful procedure in conformity with the Constitution?

In the meantime, it must be stated that there is no objective basis whatsoever to justify the Minister’s presumption of guilt or the alleged danger to public health.

Members of Parliament can now verify whether the Minister complied with the legal procedure. Sanctions cannot depend on a feeling or on the personal opinion of a minister. That runs counter to all principles of modern law. It is arbitrariness—or an abuse of power.

Parliament will play its role. But, Mr Prime Minister, you too bear responsibility. It is also for you to do everything necessary to restore public confidence in the rule of law, in your government team, and in our healthcare system. As Head of Government, you are the foremost guardian of our Constitution. In this sense, the entire country expects you to act to protect our citizens and residents from the consequences of arbitrariness.

If this injustice is allowed to stand, healthcare tomorrow—for patients and doctors alike—will be set on a dangerously steep downward path.

This affair is a shared responsibility, and I accept my part in it. On my side, I will continue to do everything necessary to restore the rule of law, to ensure that institutions function again, that people can once more go to the doctor with peace of mind, and that doctors can again practise their profession with calm and dignity.

This is what I owe my country, which has given me so much, and for which I am prepared to give the last full measure of devotion.

Philippe Wilmes
February 1st 2026